Deelt d’Lëtzebuerger Regierung d’Aussoe vum Heiko Maas an der däitscher Press? Ass et deemno ugeduecht, och zu Lëtzebuerg aner Reegelen opzestelle fir Leit mat a fir Leit ouni Impfung géint Covid-19?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Premier- a Staatsminister an un d‘Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

An Däitschland huet haut Sonndeg den Ausseminister Heiko Maas als éischten däitsche Minister an de Medie gefuerdert, datt Leit, déi geimpft sinn, aner Rechter sollen hunn oder zeréckkréien, wéi Leit, déi nach net geimpft sinn. Ënnert anerem fuerdert den Här Maas, datt Leit, déi géint Covid-19 geimpft sinn, solle kënnen éischter a Restauranten oder an de Kino goen dierfen.

Déi genee Zitater vum Heiko Maas aus der „Bild am Sonntag“ vum 17. Januar liesen sech esou: „Geimpfte sollten wieder ihre Grundrechte ausüben dürfen.“ (…) „Es ist noch nicht abschließend geklärt, inwiefern Geimpfte andere infizieren können. Was aber klar ist: Ein Geimpfter nimmt niemandem mehr ein Beatmungsgerät weg. Damit fällt mindestens ein zentraler Grund für die Einschränkung der Grundrechte weg.“ (…) „Die haben ein Recht darauf, ihre Betriebe irgendwann wieder zu öffnen, wenn es dafür eine Möglichkeit gibt. Und die gibt es, wenn immer mehr Menschen geimpft sind. Denn wenn erst mal nur Geimpfte im Restaurant oder Kino sind, können die sich nicht mehr gegenseitig gefährden.“

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Deelt d’Lëtzebuerger Regierung déi zitéiert Aussoe vum Heiko Maas an der däitscher Press? Ass et deemno ugeduecht, och zu Lëtzebuerg aner Reegelen opzestelle fir Leit mat a fir Leit ouni Impfung géint Covid-19?
  2. Bei enger affirmativer Äntwert, kann d’Regierung erklären, wéi si sech an dësem Fall d‘Ëmsetzung vun ënnerschiddleche Reegele konkret virstellt?
  3. Kann d’Regierung doriwwer eraus soen, wat um nationalen an europäesche Plang a punkto Covid-19-Impfpass ze erwaarden ass? A wat dat jeeweils konkret fir d’Leit zu Lëtzebuerg bedeit?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck