De Wollef ass zu Lëtzebuerg : An elo ?

Réponse à la question N° 3261 (Question écrite) de Madame Martine Hansen, Députée concernant Loup, par Madame Carole Dieschbourg, Ministre de l’Environnement: QP 3261

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Optriede vum Wollef zu Lëtzebuerg un Madame Minister fir Ëmwelt weiderzeleeden.

Um Freideg de Moien huet de Nohaltegkeetsministère an engem Pressecommuniqué offiziell matgedeelt datt een zu Lëtzebuerg nees de Wollef noweise konnt.

An deem Kader, wollt ech der Madame Minister fir Ëmwelt folgend Froe stellen:

  • No wei enge Kritäre ginn déi Entschiedegunge ausbezuelt vun deenen am Pressecommuniqué riets ass ?

An der landwirtschaftlecher Press vum 4. August 2017 ginn präventiv Moossnamen gefuerdert, déi déi landwirtschaftlech Notzdeieren virum Wollef solle schützen a vum Staat sollen iwwerholl ginn.

  • Ass virgesinn präventiv Moossnamen auszeschaffen a wa jo wei kinnten déi ausgesinn ?
  • Kënnen des präventiv Moossnamen, sou wéi an der  landwirtschaftleche Press gefuerdert zu 100% vum Ëmweltministère subventionéiert ginn ?
  • Ween kann des Subventiounen an Usproch huelen ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Députéiert

Zréck