De Mieresbuedembergbau ass international nach net geregelt. Fuerdert och d’Regierung bis dohinner e Moratorium?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum Mieresbuedembergbau un den Här Ëmweltminister weider ze leeden.

Déi kanadesch Firma The Metals Company (TMC) wëll Metaller aus dem Mieresbuedem am Pazifik ofbauen an huet sech un d’Trump-Administratioun geriicht, fir d’Geneemegung iwwer US-Gesetzer (anstatt iwwert d’International Mieresbuedemautoritéit – ISA) ze sécheren. D’ISA huet bis elo nach keng verbindlech Reegele fir de Mieresbuedembergbau festgeluecht, an dëse Prozess zitt sech no hannen.

D’Trump-Regierung iwwerleet elo en Exekutiverlass ze erstellen, déi et US-Firme géif erlaben, d’Geneemegungen direkt bei amerikaneschen Autoritéite wéi der NOAA unzefroen – ouni d’Zoustëmmung vun der ISA.

Dëse Plang stéisst op vill Kritik: Iwwer 30 Länner, dorënner z.B. Däitschland a Frankräich, fuerderen e Moratorium fir de Mieresbuedembergbau, bis genuch wëssenschaftlech Erkenntnisser iwwert déi ökologesch Konsequenze virleien.

De Schratt vun TMC kéint also international Ëmweltaccorden ënnergruewen an zu engem politesche Konflikt ëm Ressourcen an internationale Gewässer féieren.

An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:

  • Ass d’Regierung gewëllt sech den 32 Länner unzeschléissen déi e Moratorium fir de Mieresbuedembergbau fuerderen? Wat géif géint dëse Schrëtt schwätzen?
  • Wéi gedenkt d’Regierung mat der Situatioun ëmzegoen, dass  international Ëmweltaccorden an Zukunft ënnergruewe kéinte ginn?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles

Deputéierten

Zréck