De LISER huet am Kader vun enger Evaluatioun d’national Strategie géint den Sans-abrisme an Exclusion liée au logement analyséiert. Wou ass déi Evaluatioun drun am Moment ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun weiderzeleeden.

 

De LISER (Luxembourg Institute of Socio-Economic Research) huet am Kader vun enger Evaluatioun d’national Strategie géint den Sans-abrisme an Exclusion liée au logement analyséiert. Dës Etude géing ënner anerem d’Ëmsetzung vun de Moossnamen déi an der Strategie niddergeschriwwen sinn analyséieren, wéi och d’Erreechen vun de fixéierten Ziler an d’Auswierkungen an d‘Efficazitéit vun de Mesuren. Dës final Evaluatioun hätt iwwerdeems och als Zil ze kucken op d’Recommandatiounen aus der Tëschenevaluatioun vun 2017 berücksichtegt gi sinn.

Mengen Informatiounen no wier dës Etude schonn ofgeschloss, mee se wier bis elo awer nach net publizéiert ginn. Och um Site vum LISER kann een noliesen dass een den 20. Dezember 2020 mat der Etude ugefaangen huet an se den 31. Dezember 2021 ofgeschloss ginn ass.

An deem Kontext wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wëssend datt dës Evaluatioun, esou wéi et um Site vum LISER steet, ofgeschloss ass, aus wéi engem Grond ass dës nach net publizéiert ginn ?
  • Wou ass déi Evaluatioun drun am Moment ?
  • Kann d’Madamm Ministesch informéieren, wéini se publizéiert gëtt ?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

              Paul Galles

 

 

Deputéierten

Zréck