De Koalitiounsaccord gesäit en neit Konzept fir, dat de Lycéesschüler méi Fräiheet am Choix vun hire Fächer loossen soll. Huet den Educatiounsministère schonns ugefaang mam Ausschaffe vun engem Pilotprojet?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Aus dem Koalitiounsaccord vun 2023-2028 geet ervir, datt d’Offer un nei gegrënnten Sektiounen, wéi beispillsweis d’Sektioun R (Politique et développement durable), och soll op aner Regiounen aus dem Land erweidert ginn.

Et besteet nämlech momentan eng limitéiert Offer fir esou Sektiounen, wéi déi beispillsweis uewen genannte Sektioun, déi nëmmen an engem staater Lycée zougänglech ass.

Des Weideren gesäit de Koalitiounsaccord net nëmmen eng Erweiderung fir déi néi Sektioune fir, mais proposéiert de Prinzip vun de Sektiounen ofzeschafen.

Dëst neit Konzept soll de Lycéesschüler méi Fräiheet am Choix vun hire Fächer loossen.

An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:

  1. A wéi engem Zäitraum gesäit den Educatiounsministère fir, fir déi nei gegrënnte Sektiounen op aner Regiounen am Land ze erweideren?
  2. Steet d’Erweiderung vun neie Sektiounen an allen Regiounen net am Widersproch zur Ofschaafung vum Konzept vun den Sektiounen?
  3. Huet den Educatiounsministère schonns ugefaang mam Ausschaffe vun engem Pilotprojet?
  • Wann jo,  wou ass de Pilotprojet drun?
  1. Et geet ervir, datt verschidde Lycéeë sech interesséiert u sou engem neie Konzept weisen. Wéi eng Lycéeë sinn dat?
  • A wéi géifen déi interesséiert Lycéeën an de Pilotprojet mat integréiert ginn?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Paul Galles

Deputéiert

 

 

 

Zréck