De Fall gesat datt méi Leit sech wäerte mellen fir fräiwëlleg mam AstraZeneca-Vaccin geimpft ze ginn wéi Dosen disponibel sinn, un Hand vu wéi enge Critèren wäert d’Regierung d’Leit invitéieren sech impfen ze loossen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Premierminister an un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

De Staatsminister huet gëschter Mëtteg am Briefing nom Regierungsrot ugekënnegt datt vun der nächster Woch un, Persounen tëscht 30 a 54 Joer sech kënne mellen fir fräiwëlleg mam AstraZeneca-Vaccin geimpft ze ginn. D’Regierung hält sech domadder un d’Recommandatioune vun der Europäescher Medikamentenagence (EMA).

De Lëtzebuerger Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) dogéint schwätzt sech an engem neien Avis e Freideg dogéint aus, fir AstraZeneca bei Persounen ouni Virerkrankungen ënner 54 Joer anzesetzen. D’Experten vum CSMI recommandéieren an hirem Avis AstraZeneca just bei Leit anzesetzen, déi méi al wéi 55 Joer sinn. Persounen ënner 30 sollten deen Impfstoff net méi kréien, grad wéi gesond Persounen ouni Vulnerabilitéit tëscht 30 a 54 Joer.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  • Ass de Premierminister der Meenung datt d’Regierung mat dëser Decisioun de Précautiounsprinzip opgëtt ?
  • Wat sinn déi konkret Recommandatiounen vun der Regierung wat d’Impfen mat AstraZeneca betrëfft ?
  • Ass d’Regierung der Meenung datt esou ënnerschiddlech Messagen hëllefräich sinn, fir dem, fir eng erfollegräich Impfcampagne esou wichtegen Vertrauensverloscht bei de Leit entgéint ze wierken ?
  • De Fall gesat datt méi Leit sech wäerte mellen fir fräiwëlleg mam AstraZeneca-Vaccin geimpft ze ginn wéi Dosen disponibel sinn, un Hand vu wéi enge Critèren wäert d’Regierung d’Leit invitéieren sech impfen ze loossen ?
  • Wéi vill Leit déi bis elo schonn invitéiert waren sech impfen ze loossen, hunn den AstraZeneca-Vaccin refuséiert ?
  • Spillt fir Leit déi sech fräiwëlleg mam AstraZeneca Vaccin impfe loossen weiderhin d’Gesetz vum 4. Juli 2000 iwwer d’Responsabilitéit vum Staat am Beräich vun den Impfungen dat Folgendes festhält : « Lorsqu’une vaccination imposée par une disposition légale ou réglementaire ou recommandée par l’Etat cause la mort de la personne vaccinée ou entraîne dans son chef une incapacité physique permanente, l’Etat répond du dommage (…). » ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

 

Zréck