Däitschland huet decidéiert eng eenzeg Janssen-Impfung + Booster net méi als kompletten Impfschema unzegesinn. Wéi gedenkt d’Regierung deene concernéierte Leit zu engem kompletten Impfschema ze verhëllefe, fir datt si keng Nodeeler hunn ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës dringend parlamentaresch Fro un Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

No de rezente Konfusioune ronderëm den Impfcertificat vu Leit déi mam Vaccin vu Johnson&Johnson geimpft goufen, huet d’Regierung haut wieder Prezisioune  ginn.

Heibäi gouf ënner aanerem drop higewisen datt Däitschland decidéiert huet säit dem 15. Januar eng eenzeg Janssen-Impfung + Booster net méi als kompletten Impfschema unzegesinn. Lëtzebuerg wier am gaangen, wéi och aner europäesch Länner, via de Conseil supérieur des maladies infectieuses, déi selwecht Iwwerleeungen ze maachen, wat eng Impfung mat just 1 Dosis Janssen + Booster ugeeet. Eng Decisioun wier awer nach net gefall.

Virun dësem Hannergrond wéilte mir folgend Froe stellen:

  • Wéi gedenkt d’Regierung deene concernéierte Leit, déi sech jo un all Impf-Recommandatioune gehalen hunn, zu engem kompletten Impfschema ze verhëllefe fir datt si keng Nodeeler hunn?
  • Ass virgesinn deene betraffene Leit eng Invitatioun fir eng weider, eng 3. Impfdosis, ze schecken?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 


Max Hengel                                          Félix Eischen                                   Martine Hansen

Deputéierten                             Deputéierten                           Co-Fraktiounspresidentin

 

Zréck