Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.
Den CR 178 tëscht Bieles a Réideng a Frankräich huet, laut dem Mobilitéitsministère, ee Verkéiersopkommes vu 4.000 Gefierer den Dag, wat zu enger immenser Belaaschtung fir d’Awunner∙inne vu Bieles féiert. Dowéinst gesäit den nationale Mobilitéitsplang 2035 (PNM 2035) vir, dës Strooss fir den Autosverkéier ze spären a mat Hëllef vun engem Poller just nach den ëffentlechen Transport duerch ze loossen. Doriwwer eraus hunn och d’Nopeschgemengen op der franséischer Säit am Kader vum “Groupement Européen de Coopération Territoriale” (GECT) Alzette Belval Proposen agereecht, fir de Verkéier op der franséischer Säit ze berouegen. Am Kader vun der ëffentlecher Debat iwwert d’Petitioun N°3111 iwwert dës Strooss huet d’Madame Ministesch bestätegt, dass de PNM 2035 ëmgesat gëtt an och an Aussiicht gestallt, d’Propose vum GECT Alzette Belval z’analyséieren.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:
Wat ass den Zäitplang fir d’Ëmsetze vum PNM 2035 fir den CR 178?
Wat ass den Zäitplang fir d’Ëmsetze vun de Mesuren op franséischer Säit?
Sinn Testphase virgesinn?
Wa jo, wéini gëtt de Bilan vun dësen Tester gezunn?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Nathalie MORGENTHALER
Deputéiert