Confirméiert den Här Minister de Verglach vun der „Féduse Enseignement CGFP“, laut deem den Total vun den Iwwerstonnen am „Enseignement secondaire“ am Schouljoer 2021/2022 knapp 500 eidele Vollzäitposten entsprécht?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend  weiderzeleeden.

Laut dem Communiqué vun der „Féduse Enseignement CGFP“ vum 30. November goufe wärend dem Schouljoer 2021/22 eleng am „Enseignement secondaire“ pro Woch an der Moyenne 10.218 Iwwerstonne geleescht, also ronn 370.000 Iwwerstonnen iwwer dat gesamt Schouljoer. Laut „Féduse Enseignement CGFP“ wieren den Equivalent dovu knapp 500 Vollzäitposten, déi net besat sinn.

D’Enseignantë kënnen hir geleeschten Iwwerstonnen entweder op hirem Zäitspuerkont (CET) uspueren oder sech eng Indemnitéit dofir ausbezuele loossen. Vill Enseignanten halen et fir méi interessant, d‘Iwwerstonnen op den Zäitspuerkont ze setzen, wéi sech eng Indemnitéit dofir ausbezuelen ze loossen. Esou kënne si dës Iwwerstonne zu engem spéideren Zäitpunkt ënner Form vu CET-Congé zréckkréien.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Confirméiert den Här Minister de Verglach vun der „Féduse Enseignement CGFP“, laut deem den Total vun den Iwwerstonnen am „Enseignement secondaire“ am Schouljoer 2021/2022 knapp 500 eidele Vollzäitposten entsprécht?
  • Wéi vill CET-Stonne goufe wärend dem Schouljoer 2021/2022 erageholl – am Ganzen an opgeschlësselt no Fach?
  • De Fall gesat, an deene kommende Jore géife ganz vill Enseignantë mateneen eng Demande stellen, fir hir ugespuerten Iwwerstonnen als CET-Congé zréckzekréien, wéi schätzt den Här Minister de Risiko vun engem gréissere Personalmangel an?
  • Existéiert um Niveau vum Ministère eng global Iwwersiicht iwwer déi geplangten CET-Congéen?
    • Wa jo, wéi vill CET-Congéë si fir dat lafend Schouljoer geplangt – am Ganzen an opgeschlësselt no Fach?
    • Wann net, firwat net?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck