Conditions d’adoption d’un animal dans les refuges

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch weider ze leeden.

Mengen Informatiounen no refuséieren Déierenasyler, Déieren u Leit, déi méi wéi 60 Joer hunn, ze vermëttelen an dat op Grond vun hirem Alter an ënner dem Virwand, datt se wéint hirem Alter eventuell net méi laang genuch fir dat Déier kéinte suergen. Sollt dat de Fall sinn, wier dat ëmsou méi onverständlech, well grad Leit, déi an der Pensioun sinn, méi Zäit hunn, fir sech ëm en Déier ze këmmeren. En Hausdéier ass en treie Begleeder, hëlleft géint d’Allengsinn an huet e positiven Effekt op déi psychesch awer och kierperlech Gesondheet. An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Stëmmt et, datt d’Déierenasyler keng Déieren u Leit ab engem gewëssen Alter vermëttelen?
  • Wa jo, vu wat fir engem Alter un, kritt ee keen Déier méi aus dem Asyl?
  • Wat sinn d’Grënn fir dës Reegelung?
  • Gedenkt d’Madamm Ministesch, eppes un dëser Praxis ze änneren?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Stéphanie Weydert, Deputéiert

Zréck