CNS blockéiert den Ament de Co-Finanzement vun de 4 neien IRM’en. Wéi laang ass dat bewosst a wat bedeit et genee ?

D’Äntwert op des parlamentaresch Fro fann der hei : QP 1660

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet an den Här Gesondheetsminister weider ze leeden.

Haut de Moie war aus der Presse gewuer ze ginn, datt et Problemer beim Finanzement vun de 4 neien IRM’en ginn. D’Gesondheetskeess (CNS) sollt ee Fënneftel vun de Käschten droen, am Moment blockéiert d’CNS awer, an huet weider Analyse gefrot. D’Diskussiounen tëscht der CNS an der Santé géifen awer lafen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Wéi laang ass scho gewosst datt d’CNS net bereet ass hiren Deel vun den IRM’en ze bezuelen? War de Finanzement net am Virfeld mat der CNS ofgekläert ginn?
Wat fir eng Analysen huet d’CNS nach gefrot?
Wat geschitt wann d’CNS zur Conclusioun kënnt, si géif hiren Deel net finanzéieren?
Wat seet dëse Blockage vun der CNS, deen et iwwregens och an aneren Dossiere gëtt, iwwer de Fonctionnement vun eisem Gesondheetssystem aus?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

 

 

Zréck