CFL Ligne 10 dacks iwwerfëllt : Wat gedenkt d’Regierung z’ënnerhuelen ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der hei : QP 1710

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

An de leschte Woche sinn an de Spëtzestonnen d’Zich vun der CFL Ligne 10 iwwerfëllt. Esou ass et oft de Fall datt vun Ettelbréck, spéitstens vu Miersch un, keng Sëtzplaze méi fräi sinn, an och an de Gäng dotëscht stinn extrem vill Leit.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Ass de Minister sech dëser Problematik bewosst?
Wa jo, wat gedenkt hien ze ënnerhuelen?
Ass de Minister der Meenung datt dës Situatioun sech nach wäert verschlëmmere mat der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport?
Ginn d’CFL Responsabelen dovun aus datt den Drock op déi 1. Klasse ab dem 1. Mäerz wäert wuessen?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                               Marco Schank

Deputéiert                                         Deputéierten

 

 

Zréck