Beweegungsmangel bei deene Jonken : Wat gedenkt d’Regierung z’ënnerhuelen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister an un den Här Sportminister weider ze leeden.

D’Weltgesondheetsorganisatioun WHO kënnt an engem rezente Rapport an deem eng éischte Kéier de Beweegungsmangel vu Jonken analyséiert gouf zur Conclusioun datt 4 vu 5 Jugendlechen sech hautdesdaags ze wéineg beweegen. 81% vun de sondéierte Jonken kéimen deemno net op op d’mannst eng Stonn kierperlech Aktivitéit pro Dag, der recommandéierter Norm vun der WHO. Eng wieder Erkenntnis ass datt Meedercher manner sportlech aktiv si wéi Jongen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Huet d’Regierung den detailléierte WHO Bericht ëm deen et hei geet?
Wéi steet Lëtzebuerg do am internationale Vergläich?
Hu mir eis par Rapport zu WHO-Etüden aus der Vergaangenheet verbessert oder verschlechtert?
Wat d’Gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir op de Beweegungsmangel bei de Jonken ze reagéieren?
Wéi kënne gezielt méi Meedercher fir de Sport begeeschtert ginn?
Missten net all déi bestoend Initiativë wéi z.B. „Gesond iessen – méi beweegen“ op hir Effikassitéit hin analyséiert an iwwerschafft ginn?
Misst net de Stellewäert vum Schoulsport iwwerduecht ginn?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt épouse Kemp                       Martine Hansen

Deputéiert                                                    Deputéiert

Zréck