Besteet d‘Méiglechkeet, dat ALS-Patienten kënnen doheem betreit ginn?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Mënschen, déi un enger Amyotrophen Lateralsklerose (ALS) oder enger änlecher Pathologie leiden, sinn schonn no kuerzer Zäit vollstänneg op d’Hëllef vun Drëttpersounen ugewisen. D‘Betreiung vun ALS-Patienten ass ganz intensiv. Nieft enger Lämung vun der Aarm- a Beenmuskulatur sinn och d’Otem- an d’Schléckmuskulatur betraff. Och wann si net méi schwätzen kënnen, sinn d‘intellektuell an sensoresch Fäegkeeten vun de Patienten net betraff. An dem Zesummenhang wollt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Wéi vill Leit leiden hei zu Lëtzebuerg un ALS oder un enger änlecher Pathologie?
  • Wéi ginn ALS-Patienten medezinesch betreit?
  • Besteet d‘Méiglechkeet, dat ALS-Patienten kënnen doheem betreit ginn?
    • Wa jo, wéi ginn d’Famillen bei der Betreiung ënnerstëtzt?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

.

Max Hengel, Deputéierten

 

Zréck