Benevolen fuerderen eng besser Organisatioun vum Benevolat am Allgemengen, d’Aféieren vun enger „flächendeckend Assurance“ respektiv eng Validation des acquis de l’expérience. Wat ass d‘ Positioun vun der Familljeministesch zu dëse Proposen?

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’ Madamm Ministesch fir Famill an Integratioun weiderzeleeden.

Den 5.Dezember war den internationalen Dag vum Benevolat. Dësen Dag gehéiert deene Persounen, déi sech éierenamtlech fir d’Allgemengheet engagéieren.

Eng Gesellschaft ass op de Benevolat ugewisen, an sollten och ënnerstëtzt gin. D‘ Leit vum Terrain fuerderen an deem Kontext eng besser Organisatioun vum Benevolat, d‘ Aféieren vun enger „flächendeckend Assurance“ respektiv eng Validation des acquis de l’expérience.

An dësem Zesummenhang géif ech der Madamm Ministesch gär folgend Froe stellen:

  • Wat ass d‘ Positioun vun der Familljeministesch zu dëse Proposen?
  • Gedenkt d‘ Madamm Ministesch an des Direktioun mat ze goen?
  • Wa jo, wat ass virgesinn?
  • Wann nee, firwat net ?

 

Mat déiwem Respekt

 

Paul Galles

Deputeierten

Zréck