Bei wéi vill Kanner ass zanter 2018 pro Joer Kriibs diagnostizéiert ginn?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

An de Conclusiounen zum Debat iwwert d’Petitioun 2232 war festgehale ginn, datt de Beräich vun der Kanner-Onkologie dréngend misst ausgebaut ginn, fir datt déi betraffe Kanner kënnen esou gutt wéi méiglech en Charge geholl ginn.  An dem Zesummenhang géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Huet mëttlerweil, sou wéi et an de Conclusioune vum Debat festgehale gi war, eng Entrevue  mat de Verantwortleche vum CHL stattfonnt?
    • Wa jo, wat sinn d’Resultater vun der Entrevue?
  • Besteet de Besoin, fir weider Dokteren am Beräich vun der oncologie pédiatrique anzestellen?
    • Wa jo, konnt schonn e Spezialist rekrutéiert ginn?
    • Wa jo, ginn elo déi international Krittären erfëllt?
  • Wien bezilt am Moment den zweete Kriibsdokter, de CHL oder weiderhi Fondatioun Kriibskrank Kanner?
  • Bei wéi vill Kanner ass zanter 2018 pro Joer Kriibs diagnostizéiert ginn?
    • Wéi vill Kanner hu missen am Ausland behandelt ginn?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck