Bei engem rezenten Accident zu Dikrech waren de Rettungsdéngscht an d’Ambulanz vu Réiden am Asaz, fir de Blesséierten an d’Spidol ze féieren. Firwat huet et sou laang gedauert bis d‘Gefierer op der Plaz waren?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneminister weider ze leeden.

Bei engem rezenten Accident zu Dikrech waren de Rettungsdéngscht an d’Ambulanz vu Réiden am Asaz, fir de Blesséierten an d’Spidol ze féieren. Laut eisen Informatiounen huet et bis zu enger hallwer Stonn gedauert, bis d‘Gefierer op der Plaz waren.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Minister stellen:

  • Kann d’Madamm Minister dës Informatioune confirméieren? Wa jo – firwat huet et sou laang gedauert bis d‘Gefierer op der Plaz waren?
  • Kann d’Madamm Inneminister Statistike virleeën iwwer d’Zäit, déi pro Asaz tëschent dem Noutruff an dem Antreffe vum éischte Gefier op der Plaz vergeet? Wa jo – a wéi enge Fäll kann ee soen, dass d’Gefierer „ze spéit“ op der Plaz waren a wéi dacks kënnt dat vir?  Wann net, firwat gi keng entspriechend Statistike gefouert?
  • Aus wéi engem Grond ware bei engem Asaz zu Dikrech d’Gefierer vu Réiden am Asaz, an net déi vun Dikrech selwer?
  • Ass virgesinn, fir d’Richtlinne fir d’Asätz am Sënn vun der Proximitéit unzepassen, fir méi flexibel op Noutsituatiounen ze reagéieren?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 


Martine Hansen                                    Nancy Arendt, ép. Kemp

Deputéiert                                                             Deputéiert

Zréck