Beamte vum „Service de Santé au Travail Multisectoriel“ hunn rezent vill Kontrollen a Coiffer- /Estheticienen-Salonen gemaach an sech dobäi als normal Clienten ausginn. Firwat gëtt op dës Method vu Kontrollen zréckgegraff? Wat war d’Resultat vun de Kontrollen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an un den Här Aarbechtsminister weider ze leeden.

Mengen Informatiounen no ass et an de leschten Deeg verstäerkt a Coiffer- /Estheticienen-Salonen an och an anere Betriber zu Kontrollen duerch Beamte vum  „Service de Santé au Travail Multisectoriel“ (STM) komm. D’Beamte wieren an déi jeeweileg Betriber komm, hätten sech zerwéiere gelooss an sech réischt dono ze erkenne ginn an de Responsabele matgedeelt ob si all aktuell gülteg sanitär Virschrëften agehalen hätten an ob si en Règle wieren oder net.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un déi concernéiert Ministere stellen:

  1. Ass dës eng gängeg Virgoensweis?
  2. Wa jo, firwat gëtt op dës Method vu Kontrollen zréckgegraff?
  3. Ginn nach aner Zorte vu Kontrolle gemaach?
  4. Wat ass déi legal Basis vun dëse Kontrollen?
  5. Wou iwwerall goufen an de leschten Deeg esou Kontrolle gemaach?
  6. Wat war d’Resultat vun de Kontrollen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Félix Eischen

Deputéierten

Zréck