Bal 10% vun den Secondaires Schüler ware virun der Pandemie iwwergewiichteg ? Wat huet d’Regierung wëlles fir dësem Phenomen entgéintzewierken? 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet, den Här Minister fir sozial Sécherheet, wéi och un den Här Sportsminister weider ze leeden.

 

2019 waren 16,5 Prozent vun der Populatioun zu Lëtzebuerg obèse, dëst huet d’Regierung am Kader vum Weltdag vun der Fettleiwegkeet de 4. Mäerz an engem Communiqué matgedeelt. Dëst wier eng Hausse vu bal engem Prozentpunkt par Rapport zu 2014. Deemno wieren 40 Prozent vun de Männer iwwergewiichteg, géigeniwwer 24 Prozent vun de Fraen. Wat d’Obesitéit bei de Jugendlechen ubelaangt, do wieren 2019-2020 4,3 Prozent vun de Primärschoulkanner iwwergewiichteg gewiescht, 7,48 Prozent vun hinnen wieren «en surchage pondérale» gewiescht. Desweideren wieren 9,91 Prozent vun de Secondaireschüler obèse an 9,35 Prozent «en surchage pondérale» gewiescht.

 

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Vu datt d’Iwwergewiicht ewéi och d’Fettleiwegkeet an eiser Gesellschaft geklommen ass, an et de Programm « Gesond iessen, Méi beweegen » (GIMB) elo schonn säit 2006, also säit ronn 15 Joer, gëtt, mengt d’Regierung net och datt dëst e Beweis ass datt de Programm net déi néideg Resultater bréngt ?
  • Kann d’Regierung iwwert konkret Resultater vun dësem Programm informéieren ?
  • Wat fir Repercussiounen huet des negativ Entwécklung op eis Gesondheetskeesen ?
  • Déi concernéiert Ministeren hate mir 2017 op meng parlamentaresch Fro n°3078 geäntwert, datt de Programm GIMB eng Rei Schwaachpunkten opweist, notamment e «manque de visibilité du programme GIMB au niveau national», e «manque de mise en réseau avec d’autres programmes et actions », e « manque d’un système de monitoring performant » ewéi och e « Système de communication insuffisant ».

Kann d’Regierung mattdeelen ob un dëse Schwaachpunkten bis haut geschafft ginn ass, an an deem Sënn de Monitoring an d’Kommunikatioun besser klappen, eng méi grouss Visibilitéit um nationalen Niveau entstanen ass an och ob de Programm a Verbindung mat aneren Programmer an Aktiounen gesat ginn ass?

  • Wa jo, kann d’Regierung dozou méi Detailer ginn?
  • Wëssend datt de Confinement eis alldeeglech alimentaire an sportlech Gewunnechten geännert huet a soumat och de Iwergewiichtsrisiko an d’Luucht gaangen ass, sou wéi et och vun der Regierung an hirem Communiqué vum 4. Mäerz matgedeelt ginn ass, kann d’Regierung mech informéieren wéi d’Obesitéit vun eiser Gesellschaft evoluéiert huet no engem Joer Pandemie ?
  • Virum Hannergrond vun der Pandemie an wëssend datt de Risiko grouss ass datt de nächsten Rapport opgrond vun der Pandemie, wou d’Leit manner Sport konnte maachen, erëm schlecht ausfält, huet d’Regierung weider Mesuren virgesinn vir der Hausse vun der Obesitéit entgéint ze wierken?

 

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Nancy Arendt Ep. Kemp

Députéiert

Zréck