Aussoen vun der Ëmweltministesch zum Projet de Réglement Grand-Ducal deen di sektoriell Objektiver festhält fir ons Klimaziler ze ereechen.

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu den sektorielle Klimaziler un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Den leschten Freiden gouf am Regierungsrot en Projet de Reglement Grand-Ducal ugeholl deen di sektoriell Objektiver festhält fir ons Klimaziler z’erreechen. Bei der Presentatioun sot d’Ministesch am engem Interview mat RTL TELE (22.07.2021) Folgendes: „Wann et em Klimaschutz geet, geet et em d’Ëmsetzung vun konkreten Mesuren. An wann mer an engem Beräich gesinn, dass et net duergeet, ma dann musse mer méi Mesuren maachen an net einfach bestrofen …“

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wat sinn di konkret Mesuren op déi d’Ministesch sech referenzéiert? Wuelwëssend dass am PNEC d’Mesuren grob skizzéiert sinn, kéint d’Ministesch di eenzel Mesuren pro Secteur detailléiert oplëschten?
  • Kann d’Ministesch d’Aspuerpotenzial fir all Mesurë pro Secteur oplëschten?
  • Wéi eng weider Mesuren sinn pro Secteur geplangt, wann dësen d’Ziler net erreecht?
  • Op wéi enger Basis (zum Beispill mat wéi engen Donnéeën) goufen di sektoriell Ziler un

    CO2 Emissiounen pro Joer berechent?

    Op wéi enger Basis gouf entscheet wéi eng Kontributioun all Secteur muss leeschten,

    bzw. wéi ass di ënnerschiddlech Gewiichtung pro Secteur zestane komm? Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

    Martine Hansen                         Gilles Roth                      Paul Galles

    Deputéierten                               Deputéierten                  Deputéierten

Zréck