Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert d’Agrarëmweltprogrammer un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.
D’Agrarëmweltprogrammer sinn e wichtege Pilier, fir déi nohalteg Landwirtschaft ze fërderen, fir Impulser ze ginn, fir méi ëmweltschounend ze produzéieren. Laut mengen Informatiounen sinn eng Partie Bäihëllefen fir Agrarëmweltprogrammer fir Kulturjoeren 2016 an 2017 nach ëmmer net ausbezuelt ginn.
An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen.
- Kann den Här Minister dëst bestätegen ?
- Wa jo wat ass de Grond fir dëst Net-Ausbezuelen vun de Primen ? Wéi een Montant huet d’Landwirtschaft nach ze gutt ?
- Wéini gi se ausbezuelt ?
- Wat wëllt de Minister maachen, fir datt an Zukunft am Sënn vun enger geziilter Fërderung vun enger ëmweltschounender Landwirtschaft dës Primen pünktlech ausbezuelt kenn ginn?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen
Députéiert
Zréck