Aus wéi engem Grond gëtt bis dato nach ëmmer keng analyse profonde gemaach, an soumat Praxis vun der eenzeler Persoun gekuckt di eng Demande op den Adapto Transport mecht?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

An der Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°3983 wier déi onofhängeg Kommissioun fir den Adapto nach net en Place déi tranchéiert op eng Persoun eligibel ass fir den Adapto-Transport-Zerwiss fir Leit mat enger Behënnerung. Laut eisen Informatiounen steet den interministeriellen Aarbechtsgrupp deen sech laut dem Här Minister «punktuell an informell concertéiert wann et sech als néideg erweist», et géing awer eng Prozedur feelen déi d’Situatioun vun der eenzeler Persoun en profondeur géing analyséieren.

Des weideren wier laut eisen Informatiounen d’Police Sonndes am fréien Moien ouni Virwarnung bei eng Persoun heem schelle komm vir dëser Persoun de Führerschäin of ze huelen vun der Kategorie Klass A. Dës Persoun hätt zudeem d’Adaptoskaart och ofgeholl kritt. Et wier also jugéiert ginn des Persoun wier capabel den ëffentlechen Transport ze huelen mee net apte e Gefier vun der Klass A ze fueren. Den Adapto géing hei notamment bedaueren kee Retour op hier Demande d’explication ze kréien.

Weideren Informatiounen no géife sech vill Leit net trauen eng Carte de stationnement pour personnes handicapées un ze froen, well se géinge fäerten de Führerschäin ze verléieren, vu datt dëst schonn oft de Fall gewiescht wier no esou enger Demande.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wëssend datt et dringend noutwendeg ass datt den den Contrôle médcial och d’Situatioun vun deem eenzelen kuckt, aus wéi engem Grond gëtt bis dato nach ëmmer keng analyse profonde gemaach, an soumat Praxis vun der eenzeler Persoun gekuckt ?
  • No wéi engen Kritère ginn d‘Führerschainer verdeelt rep. ageholl ? Wéi ass et méiglech enger Persoun d’Adaptokaart an de Führerschäin of ze huelen, an an deem Fall ze jugéieren datt d’Persoun „ze gutt en forme“ ass vir vir eng Adaptokaart eligibel ze sinn mee am selwechte Moment ze schléissen datt se net méi apte wier en Gefier vun der Klass A ze fueren ?
  • Fënnt d’Regierung dat an der Rei wann d’Police bei d’Leit heem kënnt vir e Führerschäin of ze huelen an dobäi och nach ouni Virwarnung, wëssend datt daat eng stresseg an penibel Situatioun vir déi betraffe Persoun duerstellt ? Mengt d’Regierung net och dass een do eng aner Approche kéint huelen ?
  • Huet d’Regierung dovu Kenntnis geholl datt Leit sech net méi trauen eng Carte de stationnement pour personnes handicapées unzefroen well se fäerten de Führerschäin ofgeholl ze kréien, well systematesch dono de Permis a Fro gestallt gëtt ? Mengt d’Regierung net och dass een d’Leit net dierf ofschrecken mee éischter motivéieren esou eng Kaart un ze froen, well déi meescht sech an enger Situatioun befannen wou se dorop ugewisen sinn ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Serge Wilmes

Martine Hansen

Marc Spautz

 

Deputéiert

Zréck