Aus wéi engem Grond ass d’Teleconsultatioun vun der Psychotherapie net an der Nomenclature fir Psychotherapeuten virgesinn ?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weiderzeleeden.

De Remboursement vun der Psychotherapie ass Gëschter, den 1. Februar 2023 a Kraaft gesat ginn. Sou wéi et um Site vum Ministère fir sozial Sécherheet steet, ginn d’Teleconsultatiounen net iwwerholl, well dës net an der Nomenclature fir Psychotherapeuten virgesi sinn.

 

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Aus wéi engem Grond ass d’Teleconsultatioun vun der Psychotherapie net an der Nomenclature fir Psychotherapeuten virgesinn ?
  • Wëssend datt et Patiente ginn, déi sech net onbedéngt kennen deplacéieren, mengt d’Regierung datt d’Teleconsultatioune sollten rembourséiert ginn ? Wéinstens bis zu enger limitéierter Unzuel un Seancen ?
  • Gesäit een vir dëst an d’Nomenclature bäizesetzen ?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen

 

 

         Diane Adehm

 

 
Deputéiert

Zréck