Aus wéi engem Grond ass déi onofhängeg Kommissioun, déi sollt tranchéiere wann et bei Leit net evident wier, ob si eng Adapto-Kaart bräichten oder net, nach net en Place ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten weider ze leeden.

Wéi et gëschter laut dem Radio 100 Komma 7 geheescht huet, wier ee Joer no der Reform vum Adapto-Zerwiss nach net alles en Place. An der Adapto-Reform war eng onofhängeg Kommissioun virgesinn déi sollt tranchéieren wann et bei Leit net evident wier, ob si eng Adapto-Kaart bräichten oder net. Dës Kommissioun wier bis den Ament nach net do. Dem OGBL no wier d’Feelen vun der Kommissioun, déi an Zweiwelsfäll soll decidéieren op eng Persoun eligibel ass fir den Transport-Zerwiss fir Leit mat enger Behënnerung, ee Problem. Dës Kommissioun sollt aus verschiddene Leit zesummegestallt ginn déi am Behënnerteberäich Kompetenzen hunn. Dem OGBL no dierften keng Decisioune betreffend der Eligibilitéit vun enger Persoun vir eng Adapto-Kaart ze kréien geholl ginn sou laang et déi Kommissioun net géif ginn.

Den OGBL hätt desweideren e Coach gefuedert deen de betraffene Leit soll hëllefe sech vum Adapto op den ëffentlechen Transport ëmzegewinnen. Dee géif et bis ewell och nach net ginn.

Nieft de prozedurale Problemer géif een och e schlechten Dialog mam Ministère bedaueren an och d’Accessibilitéit vun den Donnéeë wier net fir jiddereen garantéiert.

 

An dësem Kontext wëll ech folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Aus wéi engem Grond ass déi onofhängeg Kommissioun, déi sollt tranchéiere wann et bei Leit net evident wier, ob si eng Adapto-Kaart bräichten oder net, nach net en Place ?
  • Gesäit d’Regierung fir esou eng Kommissioun ze grënnen an wat sollen d’Memberen sinn ?
  • Ass d’Regierung och der Meenung datt en Absence vun esou enger Kommissioun kéng Entscheedung betreffend der Eligibilitéit vun enger Persoun vir eng Adapto-Kaart ze kréien getraff soll ginn ?
  • Gesäit d’Regierung fir e Coach deen de betraffene Leit soll hëllefe sech vum Adapto op den ëffentlechen Transport ëmzegewinnen ze engagéieren ?
  • Gesäit d’Regierung fir den Dialog mam Adapto ze verbesseren an d’Accessibilitéit vun den Donnéeë vir d’Leit ze garantéieren ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck