Audit iwwer den Fonds national de soutien à la production audiovisuelle (Film Fong)

Här Chamberspresident,

 

esou ewéi et am Artikel 83 vum Chambersreglement steet, bieden ech Iech dës Froen iwwert de Fonds national de soutien à la production audiovisuelle un den Här Kommunikatiouns- a Medieminister weider ze ginn.

Den Här Minister hat 2018 en externen Audit iwwer den Fonds national de soutien à la production audiovisuelle (Film Fong) an Optrag ginn. Laut mengen Informatiounen huet et sech bei deem Audit awer net ëm en finanziellen Audit gehandelt an wier ënnert kenger Form konform zu den internationalen Normen iwwer d‘Verificatioun an d‘Revisioun. Trotzdeem sollen aus dem klengen Audit eng Rei Irregularitéiten festgestallt gi sinn. Sou sollen zum Beispill verschidde Produktiounen ni bis zum Schluss fäerdeg gemaach gi sinn obschonns se vum Film Fong ëffentlech Suen kritt hunn, déi allerdéngs ni zréckbezuelt gi sinn.

Am Audit soll och stoen, dass e Produzent iwwert seng zwou Produktiounsfirmen ëffentlech Gelder an Milliounenhéicht an gläichzäiteg och e Salaire vum Film Fong kritt huet. Dobäi wier awer am Audit keng Analyse iwwer eventuell Interessekonflikter, Vermëschungen an „prise illégale d‘‘intérêts“ tëscht Responsabelen aus dem Film Fong an den Produzenten gemaach ginn. Den Audit hätt och nëmmen 20% vun den Film Projet’en kontrolléiert, wourënner der zwee sech net un d’Reegelen gehalen hätten, an trotzdeem ëffentlech Suen kritt hunn. Et wieren ausserdeem och nodréiglech Arrangementer fonnt ginn fir Projet’en ze finanzéieren, déi awer initial vum Comité de sélection keng staatlech Hëllef zougesprach kritt haten.

Den Online Site Reporter.lu ass iwwerdeems an enger Rei Artikelen op de Film Fong an den Audit agaangen. Sou schreift Reporter.lu, dass Produzenten, déi stänneg ëffentlech Suen kréien, héich Gewënner maachen an trotzdeem näischt rembourséieren, déi wirtschaftlech Plus-value fir d‘Land quasi null wier. Onofhängeg vun der Zuschauerzuel kéinten d‘Produzenten vun engem quasi virdefinéierte minimale Gewënn ausgoen.

An deem Kontext géif ech dem Här Kommunikatiouns- a Medieminister gären folgend Froe stellen :

  • Kann den Här Minister mir soen, firwat den Audit der Chamber nach net zougänglech gemaach ginn ass, esou wéi hien dat an senger Äntwert op meng parlamentaresch Ufroen n°4066 & n°4069 ugedeit hat?
  • Kann den Här Minister mir bestätegen, dass den Audit keng finanziell Analyse iwwer den Film Fong gemaach huet an mir erklären firwat dat esou ass?
  • Wéi kann den Här Minister erklären, dass, laut de Recherchen vun Reporter.lu, Produzenten, déi mat ëffentleche Gelder en däitleche Gewënn gemaach hunn, trotzdeem näischt zréckbezuelt hunn obschonns dat esou vum Gesetz virgeschriwwen ass?
  • Kann den Här Minister mir soe wéivill Filmer ëffentlech Gelder kritt hunn, déi am Endeffekt ni zu Enn bruecht gi sinn? Wat ass mat deenen ëffentlechen Suen geschitt?
  • Kann den Här Minister bestätegen, dass bei den “Salaires directs“ genee kontrolléiert ginn ass, wien déi Suen fir wéi eng Aarbechten ausbezuelt kritt huet? Kann den Här Minister an deem Kontext versécheren dass dës Salairen vun Pigisten an Freelance op mannst dem Mindestloun entspriechen?
  • Kann den Minister mir soen firwat am Audit keng Analyse iwwer méiglech Interessekonflikter tëschent Responsabelen vum Film Fong an Produzenten gemaach ginn ass, wëssend dass et där Fäll soll gi sinn?
  • Wéi kann et sinn, dass een Produzent staatlech finanziell Hëllef an Milliounenhéicht fir seng Produktiounsfirmen kritt huet an gläichzäiteg en Salaire als Beschäftegten vum Film Fong ausbezuelt kritt?
  • Firwat sinn nëmmen 20% vun den Projet’en am Audit kontrolléiert ginn, wuelwëssend dass bei deem Prozentsaatz ëmmerhin der zwee fonnt goufen, déi net en règle waren an awer vum Film Fong ëffentlech Suen kritt hunn? Kann den Här Minister mir soen wat mat deenen zwee Projet’en, déi also net en règle waren, geschitt ass?
  • Wéi kann den Här Minister erklären, datt „Arrangementer“ gemaach goufen fir Projet‘en ze finanzéieren, déi au préalable vum Comité de sélection refuséiert gi waren?
  • Wéi erkläert den Här Minister, dass den Budget fir den Film Fong schonn no uewen definéiert ginn ass obschonns hien, laut senger Äntwert op meng parlamentaresch Ufroen n°4066 & n°4069, u verschidden Upassungen op Basis vun de Recommandatiounen aus dem Audit wollt schaffen?
  • Fënnt den Här Minister et net dréngend noutwenneg no den aktuellen Erkenntnesser iwwer de Film Fong eng finanziell Analyse maachen ze loossen?
  • Wëssend, dass et laut dem Audit eng Partie Ongereimtheeten an Saachen Film Fong an Produzenten gëtt, dass Verdacht op Interessekonflikter, „prise illégale d’intérêts“ respektiv „trafic d’influence“ an aaneres besteet, huet den Här Minister den Dossier der Justiz iwwermëttelt?

Duerch déi Erkenntnesser op eventuell Infraktiounen respektiv Delikter déi mir elo duerch den Audit an de Reportagen vum Online-Site „Reporter.lu“ virleien, hunn ech an menger Qualitéit als Députéierten déi Pabeiren un de Procureur général d‘État, en vue vu enger eventueller enquête pénale, weiderginn.

 

Här Chamberspresident, mat mengem déifste Respekt,

 

Félix Eischen

Deputéierten

Zréck