Asylpolitik : Wéini gëtt den Delai fir de “regroupement familial” vun 3 op 6 Méint erop gesat ?

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Immigratiounsminister weider ze leeden.

D ’Consultativ Mënscherechtskommissioun proposéiert datt Refugiéën, déi hei am Land hiren Asyl accordéiert kritt hunn, an ënnert dem internationalen Recht geschützt sinn, sollten ee méi laangen Delai wéi 3 Méint kréien fir ee Regroupement familial unzefroen. Laut accord de coalition heescht et an deem Kontext och ; « Quant aux bénéficiaires de protection internationale, le délai prévu à l’article 69(3) de la loi du 29 août 2008 portant sur la libre circulation des personnes et l’immigration sera porté à six mois».

 

An dësem Kontext wollt ech dem Här Immigratiounsminister folgend Fro stellen :

 

Wéini gedenkt den Här Minister op de Wee ze goen den Delai vun aktuell 3 Méint op 6 Méint ze verlängeren?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Paul Galles

Députéierten

 

Zréck