Ass Wëldschued innerhalb vu réserves naturelles elo direkt un de Staat ze riichten, esou wéi dat de Fall ass bei Schued duerch geschützten Aarten?

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de Wëldschued an de réserves naturelles un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

An der Vergaangenheet hunn verschidde Jeeër géint de Lëtzebuerger Staat geklot an och Recht kritt, well si net bereet ware fir de Wëldschued op hirem Juegdlous an der réserve naturelle Prenzebierg (Giele Botter) opzekommen, dat op landwirtschaftlechen Terrainen innerhalb vun der réserve naturelle. Argumentéiert gouf mat verschiddenen Oplagen aus dem Règlement grand-ducal du 20 novembre 1991 déclarant zone protégée la réserve naturelle Prenzebierg englobant des fonds sis sur le territoire des communes de Differdange et de Pétange, déi d’Aktivitéit vun der Juegd wuel net verbidden, ma däitlech aschränken.

An der Äntwert op d’QP N°1899 huet d’Madamm Ëmweltministesch erkläert, dass de Staat den 30. Januar 2020 Appell géint dat Urteel gemaach huet an op de Rechtssproch an zweeter Instanz géif waarden ier een sech géif positionéieren.

Laut eisen Informatiounen kruten d’Jeeëren awer och elo an zweeter Instanz Recht.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Ministesch stellen:

  • Kann d‘Mme Ministesch ons Informatiounen vun uewegenannter Decisioun an zweeter Instanz bestätegen?
  • Wéi eng Konsequenze sinn duerch dat Urteel ze erwaarden?
  • Ass Wëldschued innerhalb vu réserves naturelles elo direkt un de Staat ze riichten, esou wéi dat de Fall ass bei Schued duerch geschützten Aarten?
  • Ginn Bestëmmungen an de spezifesche Reglementer iwwert réserves naturelles, déi d’Aktivitéit vun der Juegd aschränken, adaptéiert?
  • Falls de Staat net bereet ass Dispositiounen zur Aktivitéit vun der Juegd an de réserves naturelles ze änneren, ass virgesinn dat de Staat dee Moment d’Juegdgeld op deene concertéieren Terrain’en fir de Pächter begläicht?

 

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Zréck