Ass sech d’Regierung bewosst, dass d’Clientë vu Post TV net iwwert de méi geneeë Kontext vum Ausstraalungsverbuet vu Russia Today informéiert ginn?

Här President,

 

Esou wéi et am Chambersreglement vun der Chamber virgesinn ass, géing ech Iech bieden des parlamentaresch Fro un den Här Kommunikatiouns- a Medieminister weiderzeleeden.

 

Als Reaktioun op déi russesch Invasioun vun der Ukrain hunn déi europäesch Staaten zesumme mat hire westlechen Alliéierten eng ganz Panoplie u Sanktioune géint Russland beschloss, dorënner och en Ausstralungsverbuet vum russeschem Sender Russia Today. Dës Sanktioun ass domadder begrënnt, dass Russia Today a Vergaangenheet duerch eng pro-Kreml  Berichterstattung opgefall ass an d’Grenz zur Propaganda oft iwwerschratt ginn ass. Wann en Russia Today elo op Post TV opruffe wëll, gëtt en informéiert, dass dat op Grond vun enger Decisioun vun der Europäescher Kommissioun net méiglech ass an de mei geneeë Kontext am Zesummenhang mam Krich an der Ukrain gëtt en net gewuer. Aus der Perspektive vum Konsument vu Post TV gëtt en also just gewuer, dass d’Europäesch Kommissioun d’Iwwerdroung vum Sender verbueden huet an net, dass et sech heibäi em en héchst problemateschen a Kreml-noe russesche Sender handelt.

 

An dësem Kontext géinge mir gär folgend Froen un den Här Kommunikatiouns- a Medieminister stellen:

 

  • Ass sech d’Regierung bewosst, dass d’Clientë vu Post TV net iwwert de méi geneeë Kontext vum Ausstraalungsverbuet vu Russia Today informéiert ginn?
  • Gedenkt d’Regierung eppes dogéint z’ënnerhuelen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Laurent Mosar                                                  Serge Wilmes

Deputéierten                                                    Deputéierten

Zréck