Ass Regierung gewellt Kilometerpauschal no uewen unzepassen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weider ze leeden.

D’„Frais de déplacement“ oder och nach Kilometerpauschal genannt ginn op der Distanz tëschent dem Wunnsetz an der Aarbechtsplaz vun all Beschäftegte berechent. Dese Steiervirdeel gëtt vum Bruttogehalt ofgehal sou dass dorobber keng Stéieren ufalen.  D’Pauschal läit aktuell bei 99 Euro pro Kilometer, de Maximum läit bei 2.574 Euro pro Joer, spréch 26 Kilometer. Déi éischt véier Kilometer gëllen net.

 

Vill Leit kennen sech weder aussichen, wou si schaffen, nach wou sie sech eng Wunneng leeschte kennen a scho guer net op de Wunnuert optimal un den ëffentlechen Transport ugebonnen ass. Och de Gros vun de Grenzgänger sinn a wäerten trotz massiver Investitiounen an den ëffentlechen Transport weider op den Auto ugewise sinn.

 

Duerch déi héich Bensinns an Diesel-Praiser déi aktuell op Rekordniveau sinn, ginn d‘Autosfuerer ëmmer méi belasscht sou dass sech Fro no der Upassung vun der aktueller Kilometerpauschal méi wei jee stellt.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Finanzminister stellen

  • Ass Regierung gewellt Kilometerpauschal no uewen unzepassen?
  • Wann jo, wéini an a wéi enger Héicht ?
  • Wa nee, iwwert wei eng Weeër well Regierung déi betraffen Autofuerer entlaaschten?

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                              Gilles Roth                             Diane Adehm

Deputéiert                                Deputéierten                             Deputéiert

Zréck