Ass Madamm Minister gewëllt den Ofwaassersyndikater eng finanziell Ënnerstëtzung betreffend déi héisch Stroumrechnungen zoukommen ze loossen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert steigend Energiekäschte bei den Ofwaassersyndikater un Madamm Inneminister weider ze leeden.

Déi aktuell Präisdeierecht am Beräich vun der Energie trëfft net nëmme Privatleit a Betriber, och ëffentlech Träger wéi d’Ofwaassersyndikater wäerte Problemer kréie fir déi ëmmer méi deier Energiekäschten ze bezuelen.

Déi aktuell an och wuel zukünfteg Haussë bei der Stroumrechnung ginn elo schons an Milliounen a waren sou net an der Previsioune vum „plan pluriannuel de financement (PPF)“ vun den Ofwaassersyndikater virgesinn. Dofir wäert den ordinäre Budget 2023 vun den Ofwaassersyndikater extrem belaascht gi mat och negative Konsequenzen op de Bierger well déi héisch Stroumrechnungen in fine mat an d‘Berechnunge vum Waasserpräis afléissen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Madamm Inneminister stellen:

  • Ass Madamm Minister gewëllt den Ofwaassersyndikater eng finanziell Ënnerstëtzung betreffend déi héisch Stroumrechnungen zoukommen ze loossen? Wéi kennt des Hëllef ausgesinn?
  • Kann Madamm Minister schonns éischt Pisten opzeechne betreffend Consignë vun der Circulaire ministerielle fir de Budget 2023?
  • Huet Madamm Minister och Kenntnis vun sou groussen Erhéijunge bei den Energiekäschte bei anere Gemengesyndikater wei zb bei den Offallsyndikater? Wéi gedenkt Regierung dëse Syndikater ze hëllefen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Léon Gloden

Zréck