Ass et wouer datt aktuell all eenzel stoend Haus just eng privat Luetstatioun fir E-Autoen vun der CREOS autoriséiert kritt?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu den Photovoltaïquesanlagen un den Här Energieminister weider ze leeden.

Laut eisen Informatiounen kritt all eenzel stoend Haus just eng privat Luetstatioun fir E-Autoen opzelueden, vun der CREOS autoriséiert.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann den Här Minister eis dës Informatioun bestätegen? Wann jo, wat sinn d’ Ursaachen heifir?
  • Ginn et hei Ënnerscheeder je no Leeschtung vun der Luedestioun, bzw. je no Unzuel vun den Uschlëss pro Statioun?.
  • Ginn et hei Ënnerscheeder an den eenzelen Regiounen vum Land?
  • Wéi eng Léisunge ginn et fir Appartementshaiser an de verschiddene Regioune vum Land?

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Emile Eicher

Zréck