Ass et virgesinn, dass d´Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur eng 3. Impfung ka kréien?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.
D´Personal aus de Gesondheets- a Fleegeberuffer sinn an hirem Alldag och weiderhin engem groussen, gesondheetleche Risiko ausgesat. Si stinn am Fokus vun der Pandemie a brauchen dofir och eng adequat Protektioun. Ech hat a menger Interventioun zum Etat de la Nation scho gefrot, wéi et mat enger 3. Impfung respektiv enger „Boosterimpfung“ fir dëse Secteur ausgesäit, awer keng richteg Äntwert kritt.

Ech wéilt dofir folgend Froen un d’Madamm Minister stellen:

• Ass et virgesinn, dass d´Personal aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur eng 3. Impfung ka kréien?
• Wa jo – wéini a wéi soll dës Prozedur lancéiert ginn ?
• Wa nee – firwat net?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz

Zréck