Ass et virgesinn a verschidde Formatiounen um Niveau vum DAP nieft dem Däitschen a Franséischen, och d’Englescht un ze bidden?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister weider ze leeden.

 

D’Broschüren Staark fir d’Liewenprett fir däi Beruff solle laut Internet-Site vum SCRIPT 2021 fäerdeg gestallt sinn. Et ass eng Serie vu Broschüren, déi sech un all d’Schüler vun der Beruffsausbildung riicht

Virun dësem Hannergrond wëll ech folgend Froe stellen:

  1. Wéi eng Broschüren aus dëser Serie si schonns fäerdeg gestallt ? Wéi eng feelen nach ? Gëtt dëst didaktescht Material konsequent an der Beruffsausbildung agesat?

Wa jo, a wéi enge Formatiounen?

Wa neen, firwat net ?

 

  1. An der Beruffsausbildung ass um Niveau vum DAP keen Englesch virgesinn, obwuel d’Englesch vu verschiddene Betriber verlaangt gëtt.  Kann den Här Minister eis bestätegen datt et esou ee Bedarf an der Beruffsausbildung gëtt ?

 

  1. Ass et virgesinn a verschidde Formatiounen um Niveau vum DAP nieft dem Däitschen a Franséischen, och d’Englescht un ze bidden?

 

Ass et virgesinn mat engem « projet d’innovation pédagogique » resp. engem Pilotprojet un ze fänken ? Wann jo – a wéi engen Ausbildungen ? Wann nee – wat schwätzt dergéint ?

 

  1. Wär et méiglech, oder ass et virgesinn, ee Sproochemodell un ze bidden, wou déi 3 Sprooche behandelt ginn?

Wa jo wéini?

Wa nee, firwat gouf sech géint des Optioun entscheet ?

 

  1. Ass allgemeng virgesinn de Sproochenunterrecht an der Beruffsausbildung ze reforméieren? Wéi wëll de Ministère der Nofro vun de Beruffer nokommen ?

 

Mat déifstem Respekt,

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck