Ass et laut der Madamm Ministesch méiglech ouni Klappjuegten déi festgeluechte minimal Unzuel un Wëllschwäin ze schéissen?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 697

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro N°375 huet d’Madamm Ëmweltministesch mir geäntwert et wär net méiglech op meng Fro „Ass et laut der Madamm Ministesch méiglech ouni Klappjuegten déi festgeluechte minimal Unzuel un Wëllschwäin ze schéissen.?“ ze äntwere well si der Diskussioun an der Chamber zu deem selwechten Thema net wéilt virgräifen. Et handelt sech bei der Diskussioun an der Chamber allerdéngs ëm ee Pro a kontra zum Verbuet vun der Klappjuegd an net ëm de Weldschweinbestand per se. Ech sinn deemno der Meenung dass dës Fro nëmmen indirekt mat dësem Débat ze dinn huet an aus dem Grond erwaarden ech mir och eng Äntwert op meng Fro, virun allem och well den Débat scho laang op sech waarde léisst. Ech géing dofir mäin Uleies hei nach eng Kéier widderhuelen.

An de leschte Méint a Woche war déi afrikanesch Schwengspescht vill an de Medien. D’Regierung huet och eng Task Force an Weeër geruff. Och de Bestand vun de Wëllschwäi war an ass heivu betraff.

Laut mengen Informatioune sinn an de leschte Joren déi vum Plan de tir de certains gibiers festgeluechte minimal Unzuel un Déieren, déi misste geschoss ginn, net erreecht ginn. Sou sinn och an de leschten Joren z.B. ±20% manner Wëllschwäi geschoss ginn, wéi hätte missen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Ass et laut der Madamm Ministesch méiglech ouni Klappjuegten déi festgeluechte minimal Unzuel un Wëllschwäin ze schéissen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck