Ass d’Regierung, wéinst der aktueller Dréchent, gewëllt, eng Ausnamereegelung ze erloossen, wat d’Bäifidderen op extensiv genotzem Gréngland ugeet?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Duerch dat waarmt Wieder an den feelende Reen steet an de Wisen am Moment bal kee Fudder méi vir d’Béischten. Op extensiv genotztem Gréngland ginn et awer bestëmmte Restriktiounen, wat d’Bäifidderen ugeet. An deem Kontext wollten mir folgend Drénglechkeetsfro un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

  • Ass d’Regierung, wéinst der aktueller Dréchent, gewëllt, eng Ausnamereegelung ze erloossen, wat d’Bäifidderen op extensiv genotzem Gréngland ugeet?
    • Wa jo, wéini trëtt dës Ausnamereegelung a Kraaft?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Spautz                   Martine Hansen

Deputéierten                          Deputéiert

Zréck