Ass d’Regierung offiziell iwwer méiglech Ännerunge beim TGV-Reseau informéiert ginn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Mobilitéitsministesch weiderzeleeden.

Laut verschiddene Medieberichter ass déi franséisch Eisebunnsgesellschaft SNCF am gaangen, den TGV-Reseau ze iwwerdenken. Bei eenzelnen defizitäre Linne kéint et zu gréisseren Ännerunge kommen. Weider heescht et an de Medien, datt och d’Linn Lëtzebuerg-Paräis kéint betraff sinn. An dem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Mobilitéitsministesch stellen:

  • Ass d’Regierung offiziell iwwer méiglech Ännerunge beim TGV-Reseau informéiert ginn?
  • Wa jo, ass d’Linn Lëtzebuerg-Paräis och betraff?
  • Wat wëll d‘Regierung maachen, am Fall, wou et zu Verschlechterunge bei den TGV-Verbindungen tëscht Lëtzebuerg a Paräis sollt kommen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck