Ass d’Regierung net der Meenung, dat am Fong missten méi Centres de collecte ageriicht ginn, well d’Ofschosspläng mussen agehalen ginn an dofir virun allem méi Wëllschwäin musse geschoss ginn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no sinn an der leschter Zäit eng Rei vun Centres de collecte, wou d’Jeeër kënnen den Opbroch vum Wëld oder awer doudeg Déieren ofliwweren, zougemaach ginn. Bei deenen déi weiderhin op sinn, hunn anscheinend d’Ëffnungszäiten geännert. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch stellen.

  • Sinn an de leschten 3 Joer Centres de collecte zougemaach ginn?
    • Wa jo, wéi vill Centres de collecte sinn zougemaach ginn an aus wat fir Grënn?
  • Ass d’Regierung net der Meenung, dat am Fong missten méi Centres de collecte ageriicht ginn, well d’Ofschosspläng mussen agehalen ginn an dofir virun allem méi Wëllschwäin musse geschoss ginn?
  • Kënnt Dir bestätegen, dat eenzel Centres de collecte just nach an de Bürosstonnen op sinn?
    • Wa jo, fir wat?
    • Ass et eventuell méiglech, dat d’Jeeër ausserhalb vun de Bürosstonnen mat engem perséinlechen Badge Zougank zu den Centres de collecte kréien?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck