Ass d’Regierung iwwert den aktuellen Zoustand vun de Reakteren Tihange 3 an Doel 4 an iwwer noutwenneg Reparaturen informéiert ginn?

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu den Atomreakteren Tihange 3 an Doel 4 un d’Madamm Emweltministesch an den Här Energieminister weider ze leeden.

 

Wéi ee di lescht Deeg aus der Presse konnt gewuer ginn, huet di belsch Regierung, zesumme mam Stroumproduzent Engie, decidéiert d’Lafzäit vun deenen zwee Reakteren Tihange 3 an Doel 4 ëm weider 10 Joer ze verlängeren. Lo sollen di zwee Reaktere renovéiert an am November 2026 rëm un d’Netz goen. Domadder klëmmt d’Belsch net, wéi ursprénglech geplangt, 2025 aus der Atomenergie eraus. Mat dëser Moossnam soll d’Stroumsécherheet, op mannst zu engem gewëssen Deel, an der Belsch garantéiert bleiwen.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Gouf d’Regierung am Virfeld vun dëser Decisioun consultéiert?
  • Wann nee, gesäit d’Regierung vir déi belsch Autoritéiten ze kontaktéieren?
  • Ass d’Regierung iwwert den aktuellen Zoustand vun de Reakteren an noutwenneg Reparaturen informéiert ginn? U wéi eng Konditiounen ass d’Verlängerung vun deenen 10 Joer gebonnen, bzw. huet d’Regierung méi Informatioune firwat de Stroumproduzent Engie, zesumme mat de belschen Autoritéiten, seng Meenung bzgl. der Machbarkeet vun der Verlängerung, geännert huet? Huet Lëtzebuerg hei eventuell e Matsprochrecht zum Beispill via grenziwwerschreidend Consultatiounen?

 

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

 

Zréck