Ass d’Regierung informéiert iwwer den aktuelle Mangel u Bluttkonserven? Wa jo, wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir kuerzfristeg d’Reserven opzestocken?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister wieder ze leeden.

Rezent war ze liesen datt am Moment d’Bluttkonserven zu Lëtzebuerg erëm knapp ginn an et gouf een Opruff vun der Croix-Rouge un d’Spender méi reegelméisseg spenden ze goen. Zäitgläich missten och méi Éischtspender rekrutéiert ginn.

Virun engem knappe Joer hat den deemolege Gesondheetsminister annoncéiert datt en Aarbechtsgruppe am Gaang wier d’Critèrë fir d’Bluttspender ze iwwerschaffen och am Hibléck op d’Tatsaach datt et Homosexuellen nach ëmmer net erlaabt ass Blutt ze spenden. Effektiv fënnt een am Questionnaire fir Bluttspender nach ëmmer Froen  iwwer déi sexuell Orientéierung. Den deemolege Minister hat d’Joer 2022 als Datum fir méiglech Ännerunge genannt.

Virun dësem Hannergrond géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Minister stellen:

  • Ass d’Regierung informéiert iwwer den aktuelle Mangel u Bluttkonserven?
  • Wa jo, wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuele fir kuerzfristeg d’Reserven opzestocken?
  • Wéi wäit sinn d’Aarbechte vum uewe genannten Aarbechtsgrupp?
  • Virum Hannergrond vun dem Mangel u Bluttkonserven, missten dës Aarbechten net beschleunegt ginn, fir datt z.B. och homosexuell Mënsche Blutt kënne spenden?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck