Ass d’Regierung gewëllt der Propositioun vum Observatoire fir Klimapolitik nozekommen fir déi fossil Energien aus dem Wuerekuef fir den Index erauszehuelen?

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Recommandatioune vum Observatoire fir Klimapolitik un den Här Ëmweltminister weider ze leeden.

 

A sengem Avis vum 25. Mäerz 2023 schwätzt sech den nationalen Observatoire fir Klimapolitik géint eng allgemeng Verlängerung vu staatleche Subventiounen op fossillen Energien aus, well des net effektiv de Klimawandel bekämpfe géif an och net nohalteg ze finanzéiere wier. An deem Kontext recommandéiert den Observatoire der Politik och fir déi fossil Energien aus dem Wuerekuef fir den Index erauszehuelen.

An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:

  • Wéi gedenkt d’Regierung mat de Recommandatiounen vum Observatoire fir Klimapolitik ëmzegoen?
  • Ass d’Regierung gewëllt der Propositioun nozekommen fir déi fossil Energien aus dem Wuerekuef fir den Index erauszehuelen?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles

Deputéierten

Zréck