Ass d’Regierung gewëllt de Bénéficaires à la Protection Temporaire zousätzlech Hëllefen zoukommen ze loossen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de soziale Rechter fir d’Bénéficaires à la Protection Temporaire (BPT) aus der Ukrain un d’Familljeministesch, den Aarbechtsminister an den Här Minister fir Immigratioun an Asyl weiderzeleeden.

 

Zanter dem Ausbroch vum Krich an der Ukrain hunn verschidde Länner, wéi Frankräich an d’Belsch, Ouverturë fir méi Rechter op finanziell an aner Prestatioune gemaach. A Frankräich gëtt et zum Beispill e Recht op Kannergeld, wéi och an der Belsch, an souguer e gratis Acceuil an de Crèchen. An Däitschland kréien d’BPT weider Sozialleeschtungen (Hartz IV). Deemgéintiwwer huet Lëtzebuerg all déi genannte Leeschtungen aus eisen Nopeschlänner net agefouert. Et géif awer hëllefen zousätzlech finanziell Moossnamen ze ënnerhuelen, di de Leit aus der Ukrain an hire Familljen hei zu Lëtzebuerg ënnerstëtzen. Weider ginn et och nach Onkloerheete bzgl. dem Revenu de Remplacement bei den BPT.

Am Kontext vum Recht op Kannergeld fir flüchtend Famillje géif ech gäre folgend Froen un de Minister stellen:

  • Ass d’Regierung gewëllt de BPT zousätzlech Hëllefen zoukommen ze loossen?
  • Wann jo, wéini soll dat geschéien an em wéi eng Aiden a Montant’en soll et sech handelen?
  • Wann nee, firwat net?
  • Kéinten d’Gemengen a leschtem Fall sech selwer engagéieren?
  • Hunn déi Leit déi geschwënn 6 Méint hei schaffen e Recht op Chômage wann se lizenzéiert ginn? A kënnen se vun der bezuelter Offer vun der ADEM profitéieren?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.,

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck