Ass d’Regierung der Meenung, datt de momentanen Dispositif vu sanitären Mesuren an de Crèchen, am Precoce an am Cycle 1 den aktuelle wëssenschaftlechen Erkenntnisser no duergeet, fir dës Kanner adequat ze schützen oder misst dësen iwwerduecht ginn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an un den Här Minister fir Educatioun, Kandheet a Jugend weider ze leeden.

Ëmmer méi Dokteren a Wëssenschaftler weisen drop hin, datt d’Omikron-Variant bei Puppelcher a Kanner ënner 3 Joer riskéiert, de sougenannte Pseudokrupp ze provozéieren, wouduerch et dann och zu méi Hospitaliséierunge kënnt, wéi et grad a Groussbritannien ze beobachten ass. Dës Weidere maachen d’Kannerdokteren allgemeng op méiglech Komplikatiounen duerch Otemnout, Long-Covid oder de „Syndrome inflammatoire multi-systémique“ (PIMS oder MISC) bei Kanner opmierksam. Et ass nach ze fréi, fir zu dëse Laangzäitfolge scho Resultater aus wëssenschaftleche Studien ze hunn.

Wëssend, datt Kanner ënner 2 Joer keng Masken dierfen undoen an ënner 6 Joer keng sollen undoen, muss een dovun ausgoen, datt déi aktuell sanitär Mesuren an de Crèchen, am Precoce an am Cycle 1 just e Monitoring vun den Infektiounen zouloossen, ouni awer kënnen Ustiechungen ze verhënneren.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Ass d’Regierung der Meenung, datt de momentanen Dispositif vu sanitären Mesuren an de Crèchen, am Precoce an am Cycle 1 den aktuelle wëssenschaftlechen Erkenntnisser no duergeet, fir dës Kanner adequat ze schützen oder misst dësen iwwerduecht ginn?
  2. Wann net, op wéi enge wëssenschaftlechen Donnéeë baséiert dës Entscheedung?
  3. Wéi eng Méiglechkeeten hunn Elteren, déi hir Kanner wëlle virun enger Infektioun schützen?
  4. Huet de Pilotprojet vum „Réseau de prise en charge pluridisciplinaire du long-COVID“ och Date vu Kanner gesammelt?
  5. Wëssend, datt dëse Projet just fir 6 Méint ugeduecht war an deemnächst misst auslafen, gedenkt d’Regierung de Projet weiderzeféieren an eventuell auszebauen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel                                                                   Martine Hansen

Deputéierten                                                                      Deputéiert

Zréck