Ass d’Regierung der Meenung, datt de Budget fir ökologesch Moossnamen an de Bëscher muss gehéicht ginn?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weiderzeleeden.

De « Reglement grand-ducal du 16 avril 2021 instituant une prime pour la fourniture de services écosystémiques en milieu forestier » an de « Règlement grand-ducal du 3 mars 2022 instituant un ensemble de régimes d‘aides pour l‘amélioration de la protection et de la gestion durable des écosystèmes forestiers et modifiant le règlement grand-ducal du 30 septembre 2019 concernant les aides pour l‘amélioration de l‘environnement naturel » gesinn Aide fir Bëschbesëtzer fir, déi hire Bësch wëllen nei opforsten, e.a. fir se méi resistent géint de Borkenkäfer oder ganz generell géint de Klimawandel ze maachen.

Eisen Informatiounen no ginn et bei der Ausbezuelung vun den Aiden engersäits grouss Retarden. Op der aner Säit sollen eng ganz Rei Aiden zwar accordéiert, mee net vun der Naturverwaltung ausbezuelt gi sinn, mam Argument, de betreffende Budget wier opgebraucht. Am concernéierte Gesetz, bzw. an de RGD’en steet effektiv dran, dass d’Subsiden nëmme soulaang kënnen ausbezuelt ginn, wéi och e Budget do ass. Bei de private Bëschbesëtzer, déi hir Projete musse virfinanzéieren, gëtt et dowéinst eng grouss Onsécherheet. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch d’Retarde beim Ausbezuele vun de Primme bestätegen?
    • Wa jo, wat sinn d’Grënn fir dës Retarden?
  • Kann d’Madamm Ministesch bestätegen, datt de betreffende Budget schonn ugangs September opgebraucht war?
  • Wéi vill Demandë fir Subsiden aus dem Joer 2023 stinn nach aus? Ëm wéi ee Betrag geet et do?
  • Wéini ginn déi Aiden, déi an de leschte Méint accordéiert goufen, ausbezuelt?
  • No wat fir Prioritéite gëtt d’Waardelëscht opgeschafft ? Wéi gëtt gereegelt, wien als éischt d’Subsiden ausbezuelt kritt? Geet et do nom Prinzip « first come, first served”?
  • Wat geschitt mat den Demanden, déi nach bis Enn vum Joer agereecht ginn?
  • Ass d’Regierung der Meenung, datt de Budget fir ökologesch Moossnamen an de Bëscher muss gehéicht ginn?
  • Gedenkt d’Regierung an Zukunft de System vum Ausbezuelen ze changéieren, soudass d’Rechnungen direkt vun de staatlechen Institutiounen iwwerholl gi fir esou d’Proprietären ze entlaaschten?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck