Ass d‘Regierung der Meenung, dass déi kritesch Infrastrukturen hei zu Lëtzebuerg genuch géint eventuell Cyberattacke geschützt sinn?

Här President,

 

Esou wéi et am Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden dës urgent parlamentaresch Fro un den Här Premier- a Staatsminister an un den Här Verdeedegungsminister weiderzeleeden.

 

An de Moiesstonne vum 24. Februar koum et an Däitschland bei ronn 3 000 Wandrieder zum Ausfall vun der Fernsteierung, déi duerch eng Stéierung am Satellittennetzwierk verursaacht ginn ass. De Bedreiwer vun de Satellittennetzwierker no, sinn dës Stéierungen op Cyberattacken op d’Buedeminfrastruktur zeréckzeféieren.

 

An dësem Kontext géing ech gär folgend Froen un den Här Premier- a Staatsminister an un den Här Verdeedegungsminister stellen:

 

  • Ass d‘Regierung au courant vun den uewe genannten Evenementer an Däitschland?
  • Ass d‘Regierung der Meenung, dass déi kritesch Infrastrukturen hei zu Lëtzebuerg genuch géint eventuell Cyberattacke geschützt sinn?
  • Wei steet et der Regierung no em d’Sécherheet vun de Satellittennetzwierker vum Satellittebedreiwer SES?
  • Sinn der Regierung rezent Cyberattacken op d’Satellittennetzwierk vun der SES bekannt?
  • Wei gedenkt d’Regierung der SES ze hëllefe fir zukünfteg Cyberattacken ofzewieren?
  • Ugesiichts der Tatsaach, dass wéinst den aktuellen Animositéiten tëschent Russland an der NATO verstäerkt mat russesche Cyberattacken ze rechnen ass, wat sinn national, europäesch oder transatlanteschen Ustrengunge fir Entreprisen an aner kritesch Infrastrukture géint Cyberattacken ze schützen?

 

Här President, ech bieden ech Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck