Ass d’Madamm Inneministesch sech dem Problem vun der Délégation de Signature bewosst?

 

Här President,

Sou wéi den Artikel 80 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch weiderzeleeden

Eng Gemeng haut des Daags aus 3 Pilier ’en. D’ Aufgabe vum Sekretariat an der Recette sinn am aktuelle Gemengegesetz zanter 1988 definéiert. Den techneschen Déngscht, deen et och an de neien Texter, mat Ausnam vum Urbanismus, bedauerlecherweis nach ëmmer net gëtt, bekëmmert sech em eng ganz Rei vu gréisstendeels techneschen, awer och domat verbonnenen administrativen Aufgaben. Dëse Service ënnersteet  am Prinzip engem Beamten an der Carrière supérieure mat technescher Ausbildung, deen an der Verwaltungshierarchie de Schäfferot als direkte Virgesetzten huet.

Et huet sech an de läschte Joerzéngte bewäert, dass d’Dagesuerdnung vun de Schäfferotssëtzungen an en administrativen an technesche Volet opgedeelt ass, wouvun déi administrativ Punkte vum Gemengesekretär virgedroen, an déi technesch Dossiere vum Chef vum Service technique behandelt ginn. Ganz dacks fannen déi Sitzunge mëttlerweil och getrennt vunenee statt, fir datt déi concernéiert Beamte méiglechst effektiv kënne schaffen. Den techneschen Déngscht vun der Gemeng ass mëttlerweil oft deen mat Ofstand personalméisseg den gréisste Service vun enger Gemengeverwaltung.

De Chef vum Service technique huet am Alldag de grousse Problem, datt e sech quasi permanent an der Illegalitéit befënnt, wann e am Sënn vum gudde Fonctionnement vun der Verwaltung Dokumenter soll ënnerschreiwen. Doriwwer eraus huet hien och d’ Missioun als Gestionnaire vun sengem Personal, iwwert datt hien awer am Fong guer keng Weisungsbefugnis huet. Oft verlaangen déi politesch Responsabel och eng Disponibilitéit vun dëse Beamten ausserhalb vun hirer regulärer Déngschtzäit, dëst am Interessi vum Service.

Hei gëtt et och gewësse Parallellen zur Thematik vun de Gemengesyndikater, déi ech rezent a menger Question parlementaire N° 7854 thematiséiert hunn.

An deem Zesummenhang ass d’ ALBSC, déi mat mëttlerweil ronn 275 Memberen d’ Majoritéit vun den technesche Responsabel um Terrain vertrëtt, den 23. Oktober 2022 mat engem Schreiwes un d’Madamm Ministesch erugetrueden, fir op e Neits op eng ganz Rei vu Mëssstänn am Secteur hinzeweisen.

An dësem Zesummenhang géif ech der Madamm Ministesch gären eng Rei Froe stëllen:

  • Ass d’ Madamm Ministesch sech bewosst, dass eng modern Gemeng nëmme kann effikass funktionéieren, wann de Fonctionnement vum technesche Service endlech och am Gemengegesetz verankert gëtt?
  • Wisou huet d’ Madamm Ministesch den 2. Volet vun der Reform vum Gemengegesetz net méi virugedriwwen, esou datt deen an dëser Legislaturperiod warscheinlech net méi kann behandelt ginn?
  • Ass et richteg, dass d’ Reform betreffend de Volet „Organisation administrative et la gestion du personnel“ um Widderstand vun e puer grousse Gemengen aus dem Land gescheitert ass, wëll zukünfteg nëmmen eng Persoun sollt Chef d’administration ginn? Wär et net wesentlech besser, zukünfteg en techneschen Direkter an administrativen Direkter op de Gemengeverwaltungen anzesetzen, esou ewéi et an der Praxis dagdeeglech am Privatsecteur funktionéiert, an ewéi et vun der ALBSC proposéiert gëtt?
  • Ass et ugeduecht, datt déi betraffe Beamten aus den techneschen Déngschter an Zukunft e Präsenzrecht am Schäffen a Gemengerot fir déi technesch Dossieren a Personalfroen wäerte kréien?
  • Ass d’Madamm Ministesch sech dem Problem vun der Délégation de Signature bewosst? Wa jo – wéi soll dëse geléist ginn?
  • Ass d’ Madamm Ministesch sech bewosst, dass et fir déi zukünfteg Schäfferéit vun de Gemengen zu gréissere Problemer kéint féieren, wann des Beamte Gebrauch vun hirem „Droit à la déconnexion” maachen, a nach just wärend den Aarbechtszäite fir de Gewielten ze erreeche sinn?
  • Wéini gedenkt d’ Madamm Ministesch der ALBSC op hire Schreiwes ze äntweren, an op hir Fuerderungen anzegoen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Aly Kaes

Deputéierten

Zréck