Ass d’Evaluatioun vun de Kompetenzzentren an der Tëschenzäit ofgeschloss?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Mëtt September 2022 war op Säite vum Ministère gesot ginn, d’Evaluatioun vun de Kompetenzzentre wier „en cours de finalisation“.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten :

  • Ass d’Evaluatioun vun de Kompetenzzentren an der Tëschenzäit ofgeschloss?
    • Wa jo:
      • Wien huet déi Evaluatioun duerchgefouert an op Basis vu wéi enge Krittären?
      • Wat genau ass evaluéiert ginn?
      • Wéi eng Conclusioune gi gezunn?
      • Wéini a wiem ginn déi Conclusioune presentéiert?
    • Wann net:
      • Firwat ass déi Evaluatioun nach net ofgeschloss?
      • Wéini ass mam Ofschloss dovun ze rechnen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck