Ass den Tool respektiv d‘App «e-bichelchen.lu», dee vum CGIE entwéckelt gouf, obligatoresch ab dem Schouljoer 2022-2023 fir all d’Schoulpartner oder duerfen och aner Tools benotzt ginn, déi haut schon um Marché verfügbar sinn?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Mat der Schoulrentrée 2022/23 soll am Kader vum neien Hausaufgabendispositif, den digitalen Tool „e-Hausaufgabenbichelechen“ agefouert ginn. Mat dësem Tool solle souwuel Betreiungsstrukture wéi och d’Eltere kënnen de Suivi vun de Kanner hiren Hausaufgaben assuréieren. Den Enseignant op der aner Säit notéiert hei sämtlech Hausaufgaben a kann och d’Bemierkunge vun dem Betreiungspersonal sou wéi den Elteren an der App liesen, falls Schüler nach Schwieregkeeten oder soss Problemer mat den Aufgaben haten.

 

An deem Kontext géife ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Ass den Tool respektiv d‘App «e-bichelchen.lu», dee vum CGIE entwéckelt gouf, obligatoresch ab dem Schouljoer 2022-2023 fir all d’Schoulpartner (Enseignants, éducateurs, Elteren) oder duerfen och aner Tools benotzt ginn, déi haut schon um Marché verfügbar sinn (Dimmi, Schoolfox, …)?
  • Ass geplangt den Tool «e-bichelchen.lu» an Zukunft och nach auszebauen, sou dass en net just exklusiv Hausaufgabe ka verwalten, mä och aner Funktionalitéite kritt wéi z.B. allgemeng Kommunikatioun mat den Elteren etc.?

 

Vill Schoulen notze schonns aner digital Tools, déi deelweis déi selwegt oder méi Funktionalitéite besëtze wéi d’ «e-bichelchen.lu».

 

  • Ass et am Kader vun der simplification administrative sënnvoll, dass d’Elteren herno méi Appen ze verwalten hunn?
  • Besteet net d’Gefor, dass et herno ee groussen Duercherneen entsteet respektiv d’Elteren iwwerfuerdert sinn?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Zréck