Ass den Här Minister bereet, fir d’Setzgromperen op d’Lescht vun de Kulturen anzeschreiwen, déi 2023 am Kader vun de europäesche Mesuren op Brooche kënnen ugebaut ginn, fir d’Liewensmëttelversuergung ze sécheren, dat mam Zil, dat mer net och nach an dësem Beräich weider ofhängeg ginn, a wuelwëssend datt och Setzgrompere kënnen zu Nahrungszwecker genotzt ginn?

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Setzgrompere sinn en Haaptbestanddeel vun der Produktiounschaîne vun den Iessgromperen. Leider riskéiert d‘E’slecker Setzgrompergenossenschaft, déi schonn am Oktober 1945 gegrënnt gouf, net méi kënne rentabel ze schaffen, wann d’Produktiounsfläch nach weider zréckgeet. An deem Kontext wollt ech folgend Fro un den Här Landwirtschaftsminister stellen.

  • Ass den Här Minister bereet, fir d’Setzgromperen op d’Lescht vun de Kulturen anzeschreiwen, déi 2023 am Kader vun de europäesche Mesuren op Brooche kënnen ugebaut ginn, fir d’Liewensmëttelversuergung ze sécheren, dat mam Zil, dat mer net och nach an dësem Beräich weider ofhängeg ginn, a wuelwëssend datt och Setzgrompere kënnen zu Nahrungszwecker genotzt ginn?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck