Ass den Här Minister net der Meenung, datt ee bei Publikatiounen, déi elo nach Russland als Aggresseur ënnerstëtzen, d’Pressehëllefgesetz misst applizéieren an entspriechend d’Pressehëllef kierzen oder sträichen ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Kommunikatiouns- a Medieminister weiderzeleeden.

 

Rezent koum et wéinst der russescher Invasioun an der Ukrain zu engem europawäiten Ausstralungsverbuet vum russesche Sender Russia Today. Dat, well d’Grenz vun objektiver Berichterstattung zu ideologesch gesteierter pro-russescher Propaganda oft iwwerschratt ginn ass.

Eng änlech gelagert Berichterstattung, mat kloren Zich vu gezielter Desinformatioun, fält engem och an der Medielandschaft zu Lëtzebuerg op, wann een sech déi lescht Editioune vun enger bestëmmter Lëtzebuerger Dageszeitung ukuckt.

Villen Observateure schéngt hei déi breet opgestallten inhaltlech Ausriichtung, déi noutwendeg ass, fir an de Genoss vu Pressehëllef zu Lëtzebuerg ze kommen, net méi ginn ze sinn.

 

An dësem Kontext géinge mir gär folgend Froen un den Här Kommunikatiouns- a Medieminister stellen:

– Ass sech den Här Minister bewosst, datt eng bestëmmte Lëtzebuerger Dageszeitung an hire Beiträg zum russeschen Ugrëffskrich géint d’Ukrain sech kloer a Richtung vu pro-russescher Propaganda beweegt ?

– Kann den Här Minister eis informéiere wéi vill déi genannten Zeitung u Pressehëllef kritt ?

– Ass den Här Minister net der Meenung, datt ee bei Publikatiounen, déi elo nach Russland als Aggresseur ënnerstëtzen, d’Pressehëllefgesetz misst applizéieren an entspriechend d’Pressehëllef kierzen oder sträichen ? Wa jo, vu wéini un ? Wann nee, firwat net ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Laurent Mosar                                     Diane ADEHM

Deputéierten                                            Deputéiert

Zréck