Ass de comité interministériel schonn eng Kéier zesummekomm fir iwwert déi geplangte Reform vun de Gesondheetsberuffsformatiounen ze diskutéierten?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géinge mir Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir Héichschoul  a Fuerschung weiderzeleeden.

 

De 5. Mee 2021 huet d’Regierung eng gréisser Reform vun de       Gesondheetsberuffsformatiounen ugekënnegt mam Ziel fir d’Rentrée 2023/2024 e Bachelorstudiegang fir „Infirmier de soins généraux“ op der Universitéit vu Lëtzebuerg unzebidden. Déi folgend Jore sollen dann nach 4 Bachelorstudiegäng fir spezialiséiert Infirmieren an 2 Bachelorstudiegäng fir d’Hiewamsformatioun nokommen.

 

Gläichzäiteg gesäit d’Gesetz vum 11. Januar 1995 iwwert d’Réorganisation vun den Infirmièresschoule vir, dass fir all Froen oder Reglementer betreffend der Formatioun vum Gesondheetspersonal e comité interministériel säin Avis kann ofginn, respektive sollicitéiert ka ginn, deen niewent dem Direkter vum LTPS, aus zwee Delegéierte vum Gesondheetsministère an 3 Delegéierte vum Héichschoulministère zesummegesat ass.

 

An dësem Kontext géinge mir gär folgend Froen un d’Madame Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir Héichschoul a Fuerschung stellen:

 

  • Ass den uewegenannte comité interministériel schonn eng Kéier zesummekomm fir iwwert déi geplangte Reform vun de Gesondheetsberuffsformatiounen ze diskutéierten?
  • Am Fall wou de comité interministériel schonn eng Kéier zu dësem Sujet zesumme komm ass, wéi eng Conclusioune goufen zeréck behalen, respektive wat war den Avis vum comité interministériel zu der geplangter Reforme vun de Gesondheetsberuffsaformatiounen?
  • Ass e méiglechen Avis zu der Reform vun den Gesondheetsberuffsformatioun op eng Demande vum Gesondheetsministère oder dem Héichschoulministère zeréckzeféieren, oder ass deen aus enger eegener Initiative vum comité interministériel ervirgaangen?
  • Wéi ass déi aktuell Zesummesëtzung vum comité interministériel?
  • Wien assuréiert de Moment d’Présidence vum comité interministériel?

 

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Martine Hansen                                        Claude Wiseler

Deputéiert                                     Deputéierten

Co-Fraktiounspresidentin

 

Zréck